Am Asatz zu Grevels

De Rauchmelder

Dat ass e grousst Thema an der Pompjeeswelt. Wichteg ass op jiddenfall " De Rauchmelder ". Deen, därf néierens fehlen.

De Rauchmelder schützt onst Liewen.

Vill Gemengen ( leider net all ) hunn sech der Kampagne vum Regionalverband NORD ugeschloss:
"Kee Stoot ouni Rauchmelder".

Hei kréiën Elteren (wann sie e neigebuerend Kand op der Gemeng umellen) säitens der Gemeng, e Rauchmelder geschenkt. Deen sollen sie dann an der Kummer vum Baby ophänken. Pompjeeën an Gemengen erhoffen sech doduerch, dass d'Léit sech dann iwert Präventioun doheem méi Gedanken machen.
Et ass wichteg!